Presentatioun vun der Residenz

 

Fir e perfekte Komfort

D’Residenz, e klengt, modernt Gebei vu 4 Stäck, läit um Rand vum grénge Péitrusdall, nëmmen e puer Minutte vum Stadzentrum ewech, a bitt Iech grouss Zëmmeren, déi mat enger Douche an enger Toilette équipéiert sinn. Verschiddener hunn och eng Kitchenette. Den Telefon an eng Prise fir d’Televisioun sinn installéiert. Et kann een och seng eege Miwwele matbréngen.

 

 

 

Fir e perfekte Pleséier

Schéi gemittlech installéiert an Ärem Zëmmer, am grousse Salon oder an der salle à manger, profitéiert Dir vun all Moment. Fir datt Dir Iech wuelfillt stinn Iech ënner Anerem e Coiffeursalon an e Kinossall zur Verfügung. Donieft kënnt Dir un allerhand Aktivitéiten deelhuelen. En traditionellen, zolitten a soignéierte Kascht an e perséinleche Service maachen déi gemittlech a familiär Atmosphär vun eiser Institutioun komplett.